D’Formatioun “Initiatiounscours an Eischter Hëllef” vum 30. Mai 2017 an der Brochure vum SNJ, gëtt als „1. Hëllef-Recyclage Cours“ unerkannt.
Aschreiwung :
https://www.enfancejeunesse.lu/fr/archives/agenda/initiatiounscours-an-eischter-hellef
DLJ - Connect
#1: Siichtbarkeet vu benevollem Engagement an de Jugendstrukturen
Assemblée Générale 2025
19.6.2025
Rapport d'Activité 2024
Rapport d'Activité 2024
D’Formatioun “Initiatiounscours an Eischter Hëllef” vum 30. Mai 2017 an der Brochure vum SNJ, gëtt als „1. Hëllef-Recyclage Cours“ unerkannt.
Aschreiwung :
https://www.enfancejeunesse.lu/fr/archives/agenda/initiatiounscours-an-eischter-hellef
Den ELISABETH Kanner- a Jugendberäich organiséiert am Abrëll eng nächst Formatioun zum Animateur Brevet A.
Fannt hei méi Informatiouen dozou: Affiche Brevet A 2017_1 (ecoles)
De Service Jeunesse vum MENJE invitéiert de Jugendsekteur op eng Consultatioun am Kader vum „Nationale Jugendplang 2017-2010“.
Donneschdeg, de 16.2.2017 tëschent 12 an 18 Auer ass jidderee wëllkomm, fir sech iwwer de Jugendplang z’informéieren a seng Meenung/Iddi’en/Virschléi dozou ofzeginn.
Liest méi dozou ënner dësem Lien: Inv Service Jeunesse
An enger klénger Feierstonn huet d’EGMJ an d’Péitenger Jugendhaus ASBL zesumme mat weidere Partnerorganisatiounen dem Sandy Roben, wat säit Mäerz 2016 um FSE-Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“ an der Gemeng Péiteng schafft, Äddi gesot. Bei der nämmlechter Geleeënheet gouf den David Jevrosimovic als neien „Chargé de mission éducative“ (säit Januar 2017) offiziell agefouert.
Hei ee puer Impressiounen vum Owend a Merci un d’Sandy fir dat leckert Abschieds-Iessen!
Intersex & Transgender Luxembourg asbl, de Planning Familial, d’Association Luxembourgeoise des Pédagogues Curatifs an d’Initiativ Liewensufank
organiséieren den 20. an 21. Mäerz 2017 an der Abbaye Neumünster verschidde Veranstaltungen am Kader vun de Journées intersexes.
Fannt hei déi détailléiert Ausschreiwung: Journées intersexes_20.21 03 2017_STD_papier A4