DLJ - Connect
#1: Siichtbarkeet vu benevollem Engagement an de Jugendstrukturen
Assemblée Générale 2025
19.6.2025
Rapport d'Activité 2024
Rapport d'Activité 2024
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ asbl) rekrutéiert fir ab dem 1. September
1 Chargé de direction (m/f)
40 Stonnen / Woch
CDI (CCT-SAS, C7)
fir folgend Aufgabeberäicher:
Direktioun a Koordinatioun vum Service
Ënnerstëtzung vun den Trägerstrukturen
Ëffentlechkeetsaarbecht a Netzwierkaarbecht
Gremienaarbecht
Folgend Qualifikatiounen a Kompetenze bréngt Dir mat:
Erfarungen a Kenntnisser am Beräich vun der Jugendaarbecht an dem Sozialmanagement si vu Virdeel.
Dir sidd interesséiert ?
Da schéckt w.e.g. Ären Dossier mat CV, Motivatiounsbréif, Foto a Kopië vun den Diplomer an Zertifikaen, bis den 14.07.2020 un: jobs@dlj.lu
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebieden Äre Casier judiciaire No. 3 + 5 ofzeginn.
D‘Deadline fir är Dokumenter fir d‘Assemblée Générale ordinaire vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ asbl) eranzereeche leeft nach bis den 30. Juni 2020
Léif Gestionnairë vu Jugendhaiser a Jugendservicer,
Léif Memberen,
Mir wollten iech drun erënneren, datt dir nach bis den 30. Juni um 23h59 Zäit hutt, är Dokumenter (Formulaire de vote / Demande candidature administrateur) fir d‘Assemblée Générale ordinaire vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ asbl) eranzereechen. Benotzt heifir w.e.g. folgend E-Mail-Adress: ag2020@dlj.lu
D’Convocatioun an déi entspriechend Dokumenter goufen de 15. Juni per E-Mail un déi jeeweileg Uspriechpartner vun ärer ASBL geschéckt.
Wann är ASBL keng E-Mail Adress huet oder keen E-Mail krut, biede mir iech, eis w.e.g. op ag2020@dlj.lu Bescheed ze soen.
Villmools Merci
Mat beschte Gréiss vum DLJ
Léif Gestionnairë vu Jugendhaiser a Jugendservicer,
Léif Memberen,
Mir wollten iech drop opmierksam maachen, datt d‘Assemblée Généraleordinaire vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJasbl) den 30. Juni 2020 par voie électronique stattfënnt.
Op Grond vun der aktueller COVID-19-Situatioun an am Hibléck op de «Règlement grand-ducal du 20 mars 2020 portant introduction de mesures concernant la tenue de réunions dans les sociétés et dans les autres personnes morales», fënnt eis Assemblée Générale net als Presenzveranstaltung statt, mee sämtlech Ofstëmmunge ginn a Form vun engem elektroneschem Walziedel via E-Mail duerchgefouert.
D’Convocatioun an déi entspriechend Dokumenter goufen de 15. Juni per E-Mail un déi jeeweileg Uspriechpartner vun ärer ASBL geschéckt.
Wann är ASBL keng E-Mail Adress huet oder keen E-Mail krut, biede mir iech, eis w.e.g. op ag2020@dlj.lu Bescheed ze soen.
Merci am Viraus
Mat beschte Gréiss vum DLJ