Jugendpakt 2022-2024

Am Kader vum Jugendpakt 2022-2024 organiséiert de Jugendministère (Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse) zwou Ëmfroen déi vun de Professionnellen, déi mat Jonker schaffen, de Jonken a jonk Erwuessener (12-26 Joer) selwer kënnen ausgefëllt ginn.
De “Jugendpakt” ass en nationalen Aktiounsplang vun der lëtzebuergescher Regierung fir d’Jugend. Deen nächste Jugendpakt kënnt Ënn vum Joer 2021 eraus. Dofir géife mir gären déi verschidde Virschléi sammelen an da konkret Aktioune fir d ‘Wuelbefanne vun deene Jonken definéieren, déi fir d ‘Elaboratioun vum Jugendpakt kéinten iwwerholl ginn.
Mir wiere frou wann Dir selwer kéint de Questionnaire ausfëllen an se un Äre Reseau vu Professionellen a Jonke géift weiderleeden.
Questionnaire fir déi Professionell: https://forms.office.com/r/0sda6NjsvW
Questionnaire fir déi Jonk a jonk Erwuessener: https://forms.office.com/r/MDG8UAr81U
Déi zwee Questionnaire sinn an 3 Sprooche verfügbar (uewe riets ass e Logo vun enger Weltkugel, just dorop klicken an d’Sprooch auswielen) a bleiwe bis den 31.05 bis 23:59 Auer online.
Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung.