Samschdeg, den 22. Oktober fënnt an dësem Joer d’Porte-ouverte vun de Jugendhaiser statt. Gemeinsam mat hirem Mediepartner der Graffiti a.s.b.l. rifft d’EGMJ Jugendhaiser op, déi ee besonnesch flotte Programm ubidden. Dës Jugendhaiser kréien d’Méiglechkeet, am Kader vun enger Radiosemissioun hirt Jugendhaus, esou wéi och hire Programm den Nolauschterer méi no z’erklären. Bis elo si folgend Jugendhaiser dofir virgesinn: Jugendtreff Norden, Jugendhaus AMIGO, Schëtter Jugendhaus a Jugendhaus Woodstock Walfer.
Zousätzlech sinn hei virpréparéiert Affichen ze fannen, déi d’Jugendhaiser kënne benotzen, fir hire Logo oder hire Programm oder soss Informatiounen zum Dag selwer ze verëffentlechen: