Fannt hei de grousse Programm organiséiert vum MEGA fir de Weltfraendag den 8.3.2018.
Fir Jonker ginn interaktiv Workshoppen ugebueden!
Weltfraendag_Programm2018.compressed
DLJ - Connect
#1: Siichtbarkeet vu benevollem Engagement an de Jugendstrukturen
Assemblée Générale 2025
19.6.2025
Rapport d'Activité 2024
Rapport d'Activité 2024
Fannt hei de grousse Programm organiséiert vum MEGA fir de Weltfraendag den 8.3.2018.
Fir Jonker ginn interaktiv Workshoppen ugebueden!
Weltfraendag_Programm2018.compressed
Le CIJ engage un collaborateur (m/f) chargé de la Démarche Qualité CDD – 30h/semaine, en remplacement d’un congé de maternité + congé de maternité à partir de mars 2018.
Profil recherché:
Diplômé dans le domaine de la Qualité avec expérience dans le secteur socio-éducatif, ou formé dans le domaine de sciences sociales et éducatives, ou la pédagogie avec une solide expérience dans le secteur de la qualité.
Voici l’annonce du poste: Recrutement – CIJ – Démarche Qualité
Vu Februar bis Juni 2018 huet d’Equipe vum Siège vun der EGMJ Verstäerkung kritt, d’Madame Mylène DIAS („Mimi DIAS“) schafft administrativ an haaptsächlech am Service Comptabilitéit mat. Hei stellt si sech selwer vir:
Moien all zesummen,
Ech stellen mech kuerz vir : Ech sinn d’Mylène, ech sinn 23 Joer al an ech maachen grad en BTS an der Comptabilitéit an Fiskalitéit am ECG. Ech si fir 4 Méint laang Stagiaire bei der Entente.
Firwat ech mech fir d’Entente entscheed hunn? Wann een sou wéi ech en BTS an der Comptabilitéit mëscht, denkt een net onbedéngt dorunner en Stage an enger ASBL ze maachen. Et denkt een warscheinlech un déi grouss Fiduciairen oder grouss Entreprisen, mee ech huelen d’Erausfuerderung vun engem klénge Betriib un.
Ech sinn eng Persoun déi gären villfälteg schafft a gären a Kontakt mat den Léit ass. Ech si selwer fréier an d’Jugendhaus zu Iechternach gaangen an ech hunn nach haut Kontakt mat de Leit am Jugendhaus. Et huet mech schon ëmmer interesséiert d’Kulissen vun eppes ze fuerschen wat vill Leit net richteg kennen. Ech hu mäi Gléck probéiert an eng Kandidatur un d’Entente geschéckt. Ech gouf dann ugeholl fir mäin Stage, mee dat hat Dir iech kéinten denken, soss géif ech mech net bei iech virstellen.
Während mengem Stage wäert ech déi verschidden Aspekter vun der Entente gesinn a gläichzäiteg wäert ech en Ofschloss Projet maachen, den sech op Comptabilitéit baséiert. Ech wäert awer och donieft am Administrative Beräich schaffen. Den Stage gëtt mir déi Méiglechkeet de Jugendsekteur ze erfuersche, wat fir mech wichteg ass.
Op ech mech op den Stage freeën? Definitiv! Ech maachen gären aussergewéinlech Saachen an mäin Stage bei der Entente ze maachen, ass schon aussergewéinlech. Et fillt een sech direkt wuel an d’Ambiance ass immens waarmhäerzeg.
Ech stinn iech un der Réceptioun um Siège perséinlech zur Verfügung, ënnert der Telefonsnummer 26 29 32 35 oder per Mail op mimi.dias@egmj.lu kënnt Dir mech och erreechen. Meng regulär Schaffzäit ass Meindes bis Freides vun 8:00 bis 16:00.
Den LTPES invitéiert och an dësem Joer häerzlech op d’Portes ouvertes, zwee Datumen stinn zur Auswiel: Affiche-17-18
Am Kader vun der „Orange Week“ hunn den AK Meederchersaarbecht zesumme mat der EGMJ an dem MEGA de Seminaire „Interkulturelle Vielfalt / Mädchenarbeit“ am Dezember 2017 organiséiert.
Fannt hei de Link fir d’Dokumentatioun (Powerpointpräsentatioun) vun der Referentin Madame Helene De Wolf:
Interkulturelle Vielfalt Luxemburg 23.11.2017. für TeilnehmerInnen zusammenfassung