DLJ - Connect
#1: Siichtbarkeet vu benevollem Engagement an de Jugendstrukturen
Assemblée Générale 2025
19.6.2025
Rapport d'Activité 2024
Rapport d'Activité 2024
Säit Ufank Mee gëtt d’Administratioun vun der EGMJ verstäerkt duerch eis nei Mataarbechterin Valérie Ricciardi.
Déi ganz Equipe freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht! Am folgende kuerzen Text stellt si sech selwer vir:
Gudde Moien,
Säit dem 2. Mee schaffen ech bei der EGMJ aus Gestionnaire Adminstratif.
Ech sinn ausgebilten Grafikerin an hunn bis elo am Liewensmëttelhandel geschafft.
Et war fir mech elo un der Zäit mir een neien Defi an Ziel ze ginn.
Mat grousser Freed schaffen ech elo fir dës Associatioun déi sech em Jugendstrukturen këmmert. Ech wäert op jiddefalls méin Bescht ginn fir d’Team beschtméiglech ze ënnerstëtzen an meng laangjäreges Erfarung aus Grafikerin wäert der Entente och « visuel » deen néidegen Päpp mat op den Wee ginn.
Ech freeën mech op all nei Erausfuerderung.
Bescht Gréiss.
Valérie Ricciardi
Tél: 26 29 32 35
Mir begréisse ganz häerzlech de Lucas am Team vun der EGMJ, deen d’Equipe vum 30.4. bis 8.6. am Kader vu sengem administrative Stage verstäerke wäert.
Hei stellt hien sech selwer vir:
Moien,
Ech sinn de Lucas Soave, Schüler aus dem Lycée Technique de Bonnevoie an ech wäert als Stagiaire vum 30. Abrëll bis den 8. Juni d’EGMJ ënnerstëtzen. Ech kommen aus enger 13eme Technicien Administrative et Commerciale an hunn wëlles bei der EGMJ vill Erfarung ze kréien a motivéiert matzeschaffe wärend der Stagezäit.
Mäin Grond fir wat dass ech bei d‘EGMJ komm sinn, ass well ech gären mat Jugendlechen a mengem Alter schaffen, a well déi Stageplaz ganz ofwiesslungsräich ass. Ech hoffen dass ech gutt Iddie mat era bréngen an der EGMJ hëllefe weiderzekommen.
Ech freeë mech fir eng gutt Relatioun opzebauen an eng gutt Zäit ze hunn.