DLJ – Connect
#1: Siichtbarkeet vu benevollem Engagement an de Jugendstrukturen
Léif Gestionnairë vu Memberorganisatiounen,
mir invitéieren iech ganz häerzlech op den DLJ CONNECT – dat éischt Netzwierktreffen vum DLJ, dat sech un déi benevoll engagéiert Verantwortlech a Jugendstrukturen riicht.
Zesumme stelle mir d’Bedeitung an d’Siichtbarkeet vum benevollen Engagement an der Gestioun vun de Jugendstrukturen an de Mëttelpunkt.
Wéini? Samschdes, de 5. Juli 2025
Auerzäit: vu 13:45 bis 17:30 (mat uschléissendem Apéro a Fingerfood bis 20:00)
Plaz: Lifelong Learning Center (LLLC – CSL), 2-4 Rue Pierre Hentges, 1726 Bonnevoie
Sprooch: D’Evenement fënnt op Lëtzebuergesch statt.
Op Wonsch kann d’Table ronde och op Franséisch iwwersat ginn, virausgesat et mellen sech genuch interesséiert Persounen.
Firwat sollt dir dobäi sinn?
DLJ CONNECT ass déi nei Plattform vum DLJ fir Vernetzung, Austausch a géigesäiteg Inspiratioun am Jugendsecteur.
Déi éischt Editioun steet ganz am Zeeche vum benevollen Engagement a setzt e staarke Fokus op d’Aarbecht an d’Roll vun de Gestionnairen an de Jugendstrukturen – fir dës méi siichtbar ze maachen an ze stäerken.
Sidd mat dobäi, wann:
- Dir iech fir benevollen Engagement am Jugendberäich interesséiert
- Dir Loscht hutt op nei Impulser, praktesch Beispiller a frësch Iddien
- Dir iech mat anere motivéierte Mënschen aus dem Secteur vernetze wëllt
Programm vum Dag
13:45 – 14:00 | Accueil
14:00 – 14:15 | Begréissung duerch de President vum DLJ
14:15 – 15:00 | Aféierung a Presentatioun vum DLJ
15:00 – 15:45 | Table Ronde: Benevollen Engagement an der Praxis – Méiglechkeeten & Erausfuerderungen
15:45 – 16:00 | Kaffispaus
16:00 – 17:30 | Parallel Workshops a Kooperatioun mat externe Partner
17:30 – 20:00 | Get Together: Apéro, Fingerfood an entspaanten Austausch
Déi dräi Workshops am Detail
Workshop 1: Präsenz weisen – Erfollegräich Visibilitéit fir Jugendstrukturen
Wéi fält meng Struktur an der Ëffentlechkeet op? Zesumme kucke mir, wéi är Messagë kloer a verständlech kommunizéiert kënne ginn, iwwer wéi eng Kanäl dir si transportéiert (Social Media, Evenementer, lokal Presenz) a wat eng authentesch Kommunikatioun ausmécht.
Workshop 2: Benevolat verdéngt Respekt – Unerkennung, Erausfuerderungen a Perspektive
Wat motivéiert Leit fir benevoll engagéiert ze sinn – a wéi kënne mir dat Engagement laangfristeg valoriséieren? Hei diskutéiere mir iwwer konkret Méiglechkeete vun Unerkennung, iwwer aktuell Erausfuerderungen an iwwer zukünfteg Perspektive vum Benevolat am Jugendsecteur.
Workshop 3: Kommunikatioun am Benevolat – Spannungen erkennen, Schlësselfunktiounen kloer definéieren a souverän handelen
Zesummenaarbecht an enger benevoller Struktur leeft net ëmmer ouni Spannungen: Differenzen am Comité, Onkloerheeten iwwer Rollen oder komplex Situatiounen am Dialog mat politeschen oder administrativen Instanze kënnen erausfuerderend sinn. Mir diskutéieren d’Schlësselfunktioune bannent dem Comité a wéi eng vertrauensvoll Zesummenaarbecht op lokalem Niveau ka geléngen – fir d’Benevolat nohalteg ze stäerken.
Umeldung
Klickt op dëse Link fir iech unzemellen a fir méi Detailer:
https://forms.gle/HhPxK1B81c7AZXyH6
Umeldungsfrist: Méindes, de 23. Juni 2025
Froen? Da schreift eis einfach op: hello@dlj.lu
Mir freeën eis op äert Kommen an op spannend Gespréicher!
Mat engagéierte Gréiss,
D’Ekipp vum DLJ