DLJ – PR – Campagne

Déi offiziell DLJ – PR – Campagne ass lancéiert

A Kooperatioun mat senge Memberstrukturen huet den DLJ an de leschte Méint eng Plakat-Campagne realiséiert, déi dräi zentral Ziler verfollegt:

  1. Bekanntmaachen a Promotioun vum neien Numm „Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen“
  2. D‘Valoriséierung vum benevolen Engagement am Jugendberäich. D’Benevolat ass zu Lëtzebuerg ee wichtege gesellschaftleche Pilier. D‘A.s.b.l.’en liewe vum Asaz a vum Engagement vun hire benevole Memberen. Dëst betrëfft ganz besonnesch och d’Träger an d’Gestionnaire vun de Jugendstrukturen, déi sech dagdeeglech fir d’Interessen an d’Besoine vu Jonken asetzen. D’Diversitéit vun de Jugendhaiser a Jugendstrukturen hei am Land kéint ouni den onermiddlechen Asaz vu Benevollen net an der Form existéieren, wéi se et haut mécht. Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukture mécht sech staark dofir, dat d’Benevolat an de Jugendstrukturen och an Zukunft bestoe kann, an hirer wichteger gesellschaftlecher Aufgab am Sënn vun de Jonke gerecht ka ginn.
  3. D’Ënnersträiche vun der Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht op 3 Niveauen: Gestionnaire – JugendaarbechterIn – Jonker, als Garant vun enger professioneller Jugendaarbecht hei am Land.

An de kommende Woche ginn d’Plakater, op deene souwuel Benevoler, wéi och JugendaarbechterInnen a Jonker ofgebillt sinn, och op der Facebook Säit vum DLJ presentéiert.