Mini Seminairen

    • Inspiratioun an Informatioun fir pedagogesch Aarbecht, Kenneléiere vum soziale Secteur am Land, Austausch mat engem spezifesche Jugendservice a mat anere Jugendstrukturen, Opgräife vun den eenzelen Theme bei sech an der Jugendaarbecht a fachlech Ënnerstëtzung.
    • Ëmmer vun 10-12 Auer am Konferenzsall um Siège vum DLJ oder via ZOOM
    • Opgrond vun den aktuelle Corona-Restriktioune ginn eenzel Mini-Seminairë via ZOOM ugebueden. Mir informéieren d’Participante rechtzäiteg doriwwer op de Seminaire online oder a physescher Form stattfënnt.
    • Informatiounen an Umeldung op: seminaire@dlj.lu
    • Programm Mini Seminairen 2021 – Flyer.pdf

1. Spielsucht bei Jugendlichen

Dënschdes, den 9. Mäerz 2021
Die Mitarbeiter der „Anonym Glécksspiller a.s.b.l.“ stellen ihre Angebote vor und erläutern die Spielsucht, mit Schwerpunkt auf Computerspielsucht. Das Glücksspiel wie auch Smartphone/Social Media werden hintergründig mit angerissen.

In der anschließenden Diskussion wird die Situation der Jugendstrukturen im Hinblick auf Spielsucht, Computerspielsucht, Glücksspiel und Smartphone bei den Jugendlichen thematisiert und Bedarfe ermittelt.

SPROOCH : däitsch/lëtzebuergesch

2. Ressources Humaines a Comptabilitéit

Donneschdes, den 29. Abrëll 2021
D’Formatioun adresséiert sech u Gestionnairen a Jugendaarbechter, déi Ënnerstëtzung bei der Budgetsopstellung an der Gestioun vun der Compta brauchen.

De Service RH gëtt en Iwwerbléck iwwert Personalgestioun : Rekrutement, Salairen, Congéen, Krankeschäiner, CCT-SAS, etc.

Den DLJ bitt an all dëse Beräicher a bei villem méi seng Ënnerstëtzung un.

Zum Ofschloss ass e fräien Austausch an eng FAQ-Ronn virgesinn.

SPROOCH : lëtzebuergesch

3. Ëmwelt- a Klimakonzepter fir Jugendstrukturen

Dënschdes, den 11. Mee 2021
Vum Mouvement Ecologique begréisse mir de Bildungsreferent vun der Jugend-Sektioun MOVE. De Fokus vun dësem Input läit virun allem um Engagement an Empowerment vu Jonken, fir sech fir dat Thema anzesetzen. D‘Diskussioun gëtt an de Kader vun de Klimademonstratioune gesat, wou am Mäerz 2019 iwwer 10.000 SchülerInnen op der Strooss waren an duerno och weiderhin Demoen organiséiert goufen.

Mir wäerten d’Fro stellen : Wat heescht dat elo fir d’Aarbecht vun de Jugendstrukturen? Wéi kënne si hiren Deel dozou bäidroen, d’Erausfuerderungen um Thema Klima, Ëmwelt an och Naturschutz unzegoen?

SPROOCH : lëtzebuergesch

4. Sex Education

Dënschdes, de 15. Juni 2021
Das Cesas, Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle, stellt seinen ganzheitlichen, positiven Ansatz zur sexuellen und affektiven Gesundheit vor. Warum ist die sexuelle Gesundheit so wichtig für das eigenen Wohlbefinden, welche Aspekte gehören dazu? Und welche Projekte verfolgt das Cesas, um die sexuelle Gesundheit in Luxemburg zu fördern?

In der anschließenden Diskussion, an der ein.e Mitarbeiter.in des sexualpädagogischen Teams des Planning Familal teilnimmt, wird anhand des Fachratgebers „Let’s talk about sex“ spezifisch über „Sex education“ in der Jugendarbeit gesprochen und nützliche Ressourcen und Referenzen vorgestellt.

SPROOCH : lëtzebuergesch

5. Volontariatsméiglechkeeten an EU Jugendprogrammer

Dënschdes, den 13. Juli 2021
Anefore an den SNJ stellen d’Projetsméiglechkeete fir Jugendlecher a Jugendaarbechter am Kader vun nationalen an europäesche Programmer (Erasmus+ an dem Corps européen de solidarité – CES) vir. Iwwert dës Programmer kënne Finanzéierunge fir national/europäesch Volontariater, international Jugendaustauscher oder Treffe vu Jugendaarbechter, Solidaritéitsprojeten oder Projete wou Jugendlecher sech mat Decisiounsträger um kommunalen, nationalen oder europäeschen Niveau austauschen ugefrot ginn.

D’Mataarbechter vun der Division „Soutien à la transition vers la vie active“ vum SNJ wäerten zousätzlech nach op weider Méiglechkeete fir Jonker (SVN, SVC) agoen. Sie erklären eis d‘Konditioune fir Organisatiounen déi wëlle Volontairen ophuelen, awer och d‘Méiglechkeeten, d‘Konditiounen an d’Prozeduren un déi sech muss gehale ginn, wann ee Jonke wëll een SVN, SVE oder SVC maachen.

SPROOCH : lëtzebuergesch

6. Participatioun vu Jonken – De Jugenddialog zu Lëtzebuerg

Donneschdes, den 30. September 2021
De Jugendrot/CGJL (Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen) gëtt iech an dësem Seminaire en Abléck an hir Projete fir Jonker tëscht 13 an 30 Joer. Zesumme kucke mir konkret wat de Jugenddialog zu Lëtzebuerg genee ass, a wéi dir – a virun allem är Jonk – an de Jugendhaiser deelhuele resp. Aktivitéiten organiséiere kënnt.

De Jugenddialog bitt Jonken d’Méiglechkeet fir sech mat Aneren iwwer aktuell Themen auszetauschen, et ass eng ideal Geleeënheet fir den Theme „Participatioun“ a „Citoyenneté active“ am Jugendhaus eng fest Plaz ze ginn. Jonker sollen heibäi hir Suergen, Wënsch a Fuerderungen zum Ausdrock bréngen an en aktiven Afloss op (jugend-)politesch Entscheedungen huelen.

SPROOCH : lëtzebuergesch