A senger Sétzung vum 1. Dezember 2017 huet de “Conseil supérieur de la Jeunesse” vum Educatiounsministère mam Här Minister Meisch dräi Avis’en diskutéiert, déi am Laaf vum Joer an Aarbechtsgruppen ausgeschafft gi sinn.
Folgend Sujet’en goufen traitéiert: Logement, Participatioun an Inklusioun.
2017_11_29 Avis 01 – Inclusion – Thématique de l’inclusion des jeunes en situation de handicap
2017_11_29 Avis 02 – Logement – Thématique logement pour les jeunes
2017_11_29 Avis 03 – Participation – Participation des jeunes dans les communes
A Präsenz vum Comité de Pilotage mat de Partner an Ënnerstëtzer huet de Projet “Outreach Youth Work”, dee säit Januar 2016 vun der EGMJ zesumme mam Service Jeunesse vum Educatiounsministère géréiert gëtt, säi Joeresofschloss an de Schluss vun der Pilotphas gefeiert. Fannt hei e puer Impressiounen vun engem flotten Owend:
Fir den Ausbau vun zwou Haaptmissioune vun der EGMJ siche mir ab Januar 2018 een Universitaire (m/w) als Verstäerkung vun der Equipe.
Fannt hei d’Annonce: Annonce EGMJ