D’EGMJ begréisst déi nei bénévol Mataarbechterin um Siège: Elisabeth Hack

Säit dëser Woch huet d’Equipe vun der EGMJ bénévol Verstäerkung: Déi 24 Joer aal Studentin an zukünfteg Juristin Elisabeh Hack stellt hirt Wëssen an hir Kompetenzen am Kader vum “Droit du Travail” zur Verfügung. Déi ganz Entente freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht a wënscht hir ee gudde Start a vill Freed bei der Aarbecht!

Am folgenden Text stellt si sech selwer kuerz vir:

Léiwe Bonjour un jiddereen,

Ech heeschen Elisabeth Hack an hunn 24 Joer. Ech sinn immens frou, säit haut, dem 12. Abrëll, kënnen als Benevole bei der EGMJ matzehëllefen. Mat immens vill Motivatioun an Freed wäert ech mat der EGMJ Aarbechtsverträg-Modeller an Guiden fir d’Memberen vun der EGMJ ausschaffen.

Aktuell sinn ech Studentin an a mengem lëschten Joer Droit hei op der UNI LU. Obwuel meng Spezialisatioun am Beräich vun der Banken- an Finanzwelt ass, hunn ech och een immens groussen Interessi um Aarbechtsrecht. Donieft hunn ech och ee Joer « Gestion des Ressources Humaines » studéiert (MA1) an och an dem Beräich e Stage gemaach. Mir ass et immens wichteg fir kënnen an menger Fräizäit, meng Hëllef aneren unzebidden, wat och meng Memberschaft säit 4 Joer an der ASBL Melting Pot, déi den Last Summer Dance Festival zu Ierpeldeng organiséiert, erkläert. Dës Experienz weist mir all Kéiers op een neits wéi wichteg a flott et ass an engem Team ze schaffen. Dofir sinn ech iwwerglécklech elo an dësem immens flotten Kader bei der EGMJ kënnen matzewierken.