Fête de l’Europe: Samschdeg, den 21. Mee 2016 vun 11 bis 18 Auer

De Projet “Outreach Youth Work” vun der EGMJ huet ee Stand zur Verfügung gestallt kritt, am Kader vun der Fête de l’Europe déi den 21te Mee op der Plëss, virun der Maison de l’Europe an der rue du Curé stattfënnt. Eise Stand steet direct vis-à-vis vum Cercle municipal a nierft dem Fast Food Restaurant.

D’Feier fänkt um 11h00 un an hällt um 18h00 op.

Dir sidd häerzlech wëllkomm fir eis besichen ze kommen 🙂 mir freeën eis iech ze gesinn 🙂

Affiche-RectoAffiche-Verso