D’EGMJ begréisst déi nei Coordinatrice vum Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes”

FSE_LUXEMBOURG_FLEUR_RGB

Säit dem 1. Januar 2016 schafft d’Madame Daniela DARIO bei der EGMJ als Coordinatrice vum neien FSE-Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes”.

Hei stellt si sech selwer vir:

Léif All,

Als nei Mataarbechterin vun der EGMJ stellen ech mech gäre kuerz vir.

Mäi Numm ass Daniela, hu 36 Joer, liewen mat mengem Partner an eisem klenge Bouf zesummen, an hunn eng Formatioun als Soziologin (Master Expertise et Intervention sociologique).

Meng Missioun besteet doran, de Projet “Outreach Youth Work” op d’Been ze stellen, eng gutt Equipe um Terrain ze koordinéieren an ze ënnerstëtzen wou et nëmmen geet, déi generell Gestioun vum Projet ze maachen, an zwar fir déi nächst 24 Méint (bis Enn 2017).

Dir kënnt mech gäre besiche kommen op den zweeten Stack vun der “Maison de la Jeunesse” oder mech iwwert Telefon oder Email kontaktéieren, betreffend dem Projet oder och emol fir eng Taass Kaffi ze drénken.

Ech freeën mech op eng gutt zukünfteg Zesummenaarbecht.

Alles Guddes

Daniela

Foto Daniela