Social Boys

Wanted – Jugendhaiser

Mir siche Jugendhaiser déi am Kader vum Projet Social Boys matmaachen!

Ëm wat geet et?

Social Boys ass e Projet an deem männlech Jugendlecher am Alter tëscht 14 a 24 Joer den
Alldag an enger Crèche oder Maison Relais erliewe kënnen.

Am Kader vun dësem Pilotprojet deen infoMann an Zesummenaarbecht mat Partner aus dem Enseignement secondaire an der Offener Jugendaarbecht lancéiert, kréien interesséiert männlech Participanten d’Méiglechkeet 3-4 Stonnen an der Woch wärend 3 – 6 Méint an Ariichtunge vun der non-formaler Bildung ze assistéieren an éischt Beruffserfarungen ze sammelen.

Dobäi gi si vu Mentoren aus dem Jugendhaus an der Crèche resp. Maison Relais ënnerstëtzt. Déi fachlech Begleedung vun de Mentore gëtt vu Säite vun infoMann assuréiert.

Nëmmen e puer gutt Grënn fir matzemaachen:

  • Ënnerstëtzt männlech Jugendlecher bei der Erweiderung vun hire Beruffsperspektiven
  • Begleet jonk Männer an der Reflexioun vun hirer eegener Geschlechterroll a beim Hannerfroe vun eesäitege Männlechkeetsbiller
  • Stitt hinne bei der Entwécklung vun alternativen Handlungsstrategien an Identifikatiounskonzepter zur Säit
  • Drot zu der Stäerkung vun hire Sozialkompetenzen an hirem sozialen Engagement bäi

Dir wëllt dëse Projet ënnerstëtzen a kennt männlech Jugendlecher déi fir dëse Projet a Fro kommen?
Da mellt iech op: info@infomann.lu / strategie@dlj.lu

Weider Informatioune fannt dir op: www.madak.lu

Eng ausféierlech Beschreiwung vum Projet fannt dir hei

De Flyer fir ze deele fannt dir hei