De Qualitéitsbeoptraagten & De Qualitéitszierkel
Hei eng Kuerzvirstellung vun eisem neien bénévolen Qualitéitsbeoptragen (säit dem 25. Abrëll), Här Marc Seiler:
Mäin Numm ass Marc Seiler, sinn de 4 November 1966 hei zou Lëtzebuerg gebueren. Ech hunn ee Schoulofschloss (Fachabitur) als Comptabel gemaach. No menger Schoulzäit hunn ech bei Villeroy & Boch am Rollengergronn ugefaange mat schaffen. Iwwer Logistik sinn ech an de Akaf komm, wou ech all Zort vun technesche Material kaaft hunn.
Ech hunn bei Villeroy & Boch am Rollengergronn geschafft bis se 2009 duerch de leeschte vu 4 Sozialpläng Produktioun zou Lëtzebuerg vu Dëschkultur agestallt hunn.
Nom Sozialplang hunn ech kuerz bei Objektiv Plein Emploi (OPE) 2011-2012 am Departement vun de Responsabilitéit Social d’Entreprise (RSE) als Concepteur-Coordinateur de Formatioun geschafft. Déi hunn 2012 zougemaach.
Nieft mengem Schoulofschloss, a Weiderbildungen an de Beräicher Responsabilitéit Entreprise, Gestioun vun de Qualitéit hunn ech mech och ëmmer vir Thema Santé et Bien-Etre op de Aarbecht interesséiert.
Dono huet meng Gesondheet et net méi sou Besonnesches mat mä gemengt. Dorops hin hunn ech meng Invaliderent krut.
Mäin soziaalt Engagement :
Laang Jore Personaldelegéierte vum OGBL bei Villeroy & Boch, schléit mäin politesch Häerz méi lenks. Sozial hunn ech mech ëmmer fir Wuelbefanne vu menge Matmënschen agesat.
Wéi sinn ech bei d‘EGMJ komm :
Ech si Member vum CA vu Graffiti a.s.b.l.. Am aktuelle CA sinn ech de Sekretär, a säit 3 Joer och de Representant vu Graffiti a.s.b.l beim DLJ
Graffiti a.s.b.l funktionéiert wéi e Jugendhaus, dofir si mir Member an de EGMJ.
Meng Hobbyen :
Ech hunn en ganz Réi verschidden Hobbyen ; liesen a reesen, goud iessen a flott Musek lauschteren, Videofilme mat dem Smartphone maachen, Radio och.

Qualitätsmanagement-Handbuch 2018 - 3.95 MB

De Qualitéitszirkel - Flyer - 2.25 MB



