Dans le cadre d’un projet de solidarité (avec ANEFORE), les associations natur&ëmwelt et la HipHop Based Education Luxembourg organisent des workshops “Nature protection meets Music – The Voice for Nature” où le but principal est de motiver des jeunes qui aiment faire de la musique à s’intéresser et à s’engager pour la conservation de notre planète et en même temps motiver les jeunes ‘écolos‘ à faire des (premières) expériences en HipHop.
Consignes « Covid19 » adaptées aux changements législatives et applicables à partir du 13 juin 2021 dans le cadre de l’animation socio-éducative dans le secteur non-formel de la jeunesse.
Gudde Mëtte léif Jugendaarbechter/innen,
Mir si frou, iech matzedeelen, dass eise Site www.echwellechkann.lu online gaangen ass.
Am Kader vun eiser Campagne – #EchWëllEchKann – sollen d’Aktivitéiten, déi déi Jonk op dësem Internetsite fannen, si motivéiere fir erëm méi aktiv ze ginn, hiren Interessien nozegoen an Neies ze entdecken.
Mir wëllen hinne mat dëser Campagne Iddie ginn, wou a wéi si sech ausliewe kënnen, fir och elo e Maximum un flotte Momenter mat anere Jonken ze erliewen.
Wann dir vun Offere wësst, wou Jonker am Alter vun 12-20 Joer méiglechst onkomplizéiert matmaache kënnen an déi mir op de Site setze kënnen, dann zéckt net, der jeeweileger Organisatioun eisen Online-Formulaire zouzeschécken: https://echwellechkann.lu/lu/partner/
Nieft dem Site www.echwellechkann.lu gëtt et, wéi dir vläicht scho wësst, de Site vun der DLJ www.jugendstäerken.lu. Hei komme speziell d’Offere vun de Jugendhaiser a -servicer drop. Wann dir hei wëllt ernimmt ginn, maacht w.e.g. eng Mail mat ärer Aktivitéit un hello@dlj.lu.
Mir wäerten och mat der Campagne op de soziale Medien aktiv sinn.
Mir géifen eis freeë, wann dir eise Post fir d’Campagne mat ärem Public kéint deelen:
Facebook Post
Instagram Post
TikTok Post
Bei Froen, zéckt net, iech bei eis ze mellen!
Villmools Merci a léif Gréiss,
Chahra & Manon
Service national de la jeunesse
TR*CK IT! – ee musikalesche Projet vun der Fondation EME a Konektis Entertainment fir Jugendlecher.
D’Iddie ass et, een Truck als Bün ëmbauen ze loossen a bei verschiddene Jugendhaiser zu Lëtzebuerg, Concerte vir Jonker ze organiséieren. Et handelt sech heibäi ëm lokal jonk Artisten.
D’Aktioun soll tëscht dem 31.08 an dem 11.09.2021 stattfannen.
Weider Informatioune fannt dir um Flyer an der Annexe.