Eis Aktualitéiten

DLJ - Connect
#1: Siichtbarkeet vu benevollem Engagement an de Jugendstrukturen
Assemblée Générale 2025
19.6.2025
Rapport d'Activité 2024
Rapport d'Activité 2024
MELLT IECH UN, Jugendlëcher, Jugendgruppen a Jugendhaiser sinn häerzlech Wëllkomm! Et sinn nach puer Plaze fräi!
De Conseil fir den Développement Durable organiséiert den 21. Oktober 2017 e Workshop fir mat Jonken hier Iddien a Visiounen fir d’Zukunft ze entwéckeln.
Weider Informatiounen fannt dir ënnert dem Link an d’Aschreiwunge sinn am Moment och op ennert http://99id.lu/
D’Haaptzil vum 99 Workshop ass et de Jonken an hirer Generatioun eng Plattform ze ginn.
Iwwert e ganzen Dag wäerten 9 verschidden Themen diskutéiert ginn, déi de Jugendlëchen fir hir Zukunft wichteg sinn.
D’Resultat vum Workshop ginn dann an engem zweete Schrëtt der Politik virgestallt an am „Lëtzebuerger Land“ publizéiert.
Wann dir nach Froen hutt, mellt iech beim Coordinateur vun de Workshops: Stephan KINSCH op sk@bebop.lu
De Conseil fir den Développement Durable organiséiert den 21. Oktober 2017 e Workshop fir mat Jonken hier Iddien a Visiounen fir d’Zukunft ze entwéckeln.
Weider Informatiounen fannt dir ënnert dem Link an d’Aschreiwunge sinn am Moment och op ennert http://99id.lu/
D’Haaptzil vum 99 Workshop ass et de Jonken an hirer Generatioun eng Plattform ze ginn.
Iwwert e ganzen Dag wäerten 9 verschidden Themen diskutéiert ginn, déi de Jugendlëchen fir hir Zukunft wichteg sinn.
D’Resultat vum Workshop ginn dann an engem zweete Schrëtt der Politik virgestallt an am „Lëtzebuerger Land“ publizéiert.
MELLT IECH UN, Jugendhaiser sinn häerzlech Wëllkomm!
Fannt hei den neie Kollektivvertrag CCT-SAS an engem PDF op däitsch an op franséisch: CCT-DEFR (new)
Déi éischt Pabéierversioune wäerte mir iech op der Rentrée vum SNJ den 10.10.2017 verdeelen, dir kënnt si awer och um Siège vun der EGMJ siche kommen.
Eng häerzlech Invitatioun un d’Fachpersonal an der Jugendaarbecht, fir sech mam Sujet „interkulturell Meederchersaarbecht“ ausenee ze setzen.
Wéi kann d’Jugendhaus dem Besoin vun de betraffene Jonken nach besser gerecht ginn? Wéi sinn d’Erfaarunge vu concernéierte Meedercher a Familljen? Dat sinn déi Haaptfroen, op déi mir bei dësem Fachtag, dee vum AK Meederchersaarbecht an Zesummenaarbecht mat der EGMJ an dem Ministère de l’Égalité des chances organiséiert gëtt, Äntwerten erhaalen.
Fir den Theorie-Input steet d’Referentin Madame Hélène de Wolf zur Verfügung an zousätzlech si concernéiert Persounen invitéiert, fir hiren Témoignage ze ginn. Jugendhaiser, déi schon interkulturell schaffen, wäerten hir Praxis-Beispiller virstellen (Beispill vum JUKI-Jugendhaus zu Kehlen).
Fannt hei déi konkret Ausschreiwung: Einladung interkulturelle Vielfalt – Orange Week
Umeldunge w.e.g. bis den 15.11.2017 un d’Miria Gavilli-Heuper (Tél: 331641 oder info@ak-meedercher.lu).
Mir freeën eis op en intressanten Echange mat iech!