Mini-Virmëttes-Seminairen

  • Zil:
    Sech thematesch fir seng pedagogesch Aarbecht inspiréieren an informéiere loossen, Kenneléiere vum soziale Sekteur am Land, Austausch mat engem spezifesche Jugendservice a mat anere Jugendstrukturen, et kann een d’Thema bei sech an der Jugendaarbecht opgräifen a kritt fachlech
  • Ënnerstëtzung dobäi
  • ëmmer vun 10-12 Auer
  • am Konferenzsall um Siège vum DLJ
  • Infos an Umeldung op: seminaire@dlj.lu
  • Hei de ganze Programm

1. Kollaboratioun Jugendhaiser-Wunnéngshëllef

Mëttwoch, den 26.2.2020 vun 10-12 Auer

Zesumme mat der Wunnéngshëllef a.s.b.l. an där den DLJ säit dësem Joer als Daachverband Member fir all Jugendhaus ass, bidde mir eng Informatiounsséance iwwert déi verschidde Servicer vun der Wunnéngshëllef un.
Zil ass et, Professionellen aus de Jugendhaiser, d’Méiglechkeet ze ginn, ënnert bestëmmte Bedingungen, op d’Hëllefsoffere vun der Wunnéngshëllef zréckzegräifen fir jonk Erwuessener a Wunnéngsnout z’ënnerstëtzen. De Jugendaarbechter*innen ginn déi konkret Démarche virgestallt, wéi si hir Jonk am Hibléck op d’Wunnéngshëllef ënnerstëtze kënnen.
WICHTEG: D’Participatioun un dëser Informatiounsséance ass obligatoresch, fir kënne vun den Offere vun der Wunnéngshëllef ze profitéieren
SPROOCH : lëtzebuergesch

2. Ëmwelt- a Klimakonzepter fir Jugendstrukturen

Donneschdeg, den 19.3.2020 vun 10-12 Auer

Vum Mouvement Ecologique begréisse mir de Bildungsreferent vun der Jugend-Sektioun MOVE. De Fokus vun dësem Input läit virun allem um Engagement an Empowerment vu Jonken, fir sech fir dat Thema anzesetzen. D‘Diskussioun gëtt an de Kader vun de Klimademonstratioune gesaat, wou läschte März iwwer 10.000 SchülerInnen op der Strooss waren an duerno och weiderhin Demo‘en organiséiert goufen.
Mir wäerten d’Fro stellen : Wat heescht dat elo fir d’Arbescht vun de Jugendstrukturen? Wéi kënne si hiren Deel dozou bäidroen, d’Erausfuerderungen um Thema Klima, Ëmwelt an och Naturschutz unzegoen?
SPROOCH : lëtzebuergesch

3. Spielsucht bei Jugendlichen

Donneschdeg, den 14.5.2020 vun 10-12 Auer

Die Mitarbeiter der „Anonym Glécksspiller a.s.b.l.“ stellen ihre Angebote vor und erläutern die Spielsucht, mit Schwerpunkt auf Computerspielsucht. Das Glücksspiel wie auch Smartphone/Social Media werden hintergündig mit angerissen.
In der anschließenden Diskussion wird die Situation der Jugendstrukturen im Hinblick auf Spielsucht, Computerspielsucht, Glücksspiel und Smartphone bei den Jugendlichen thematisiert und Bedarfe ermittelt.
SPROOCH : lëtzebuergesch

4. Sex Education

Mëttwoch, den 24.6.2020 vun 10-12 Auer
Das Cesas -Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle-stellt seinen ganzheitlichen, positiven Ansatz zur sexuellen und affektiven Gesundheit vor. Warum ist die sexuelle Gesundheit so wichtig für das eigene Wohlbefinden, welche Aspekte gehören dazu? Und welche Projekte verfolgt das Cesas, um die sexuelle Gesundheit in Luxemburg zu fördern?
In der anschließenden Diskussion wird spezifisch über „Sex Education“ in der Jugendarbeit gesprochen und eine jugendgerechte Umsetzung in den Strukturen der Jugendarbeit behandelt.
SPROOCH : lëtzebuergesch

5. Volontariatsméiglechkeeten – ANNULÉ ET REPORTÉ À 2021 –

Mëttwoch, den 23.9.2020 vun 10-12 Auer
Mir begréissen d’Mataarbechter vun der Division „Soutien à la transition vers la vie active“, déi folgend Informatioune fir d’Jugendstrukturen bereethaalen:

  • d’Méiglechkeete fir d’Strukturen (Jugendhaiser an ASBLen) fir selwer Volontairen opzehuelen (CES an SVC)
  • d’Offeren déi d’Strukture bei hire Jonke kënne promouvéieren (SVN, CES an SVC)
  • eventuell och kuerz Visa-Vacances-Travail an Aupair

An der Diskussioun kënnen d’Jugendaarbechter*nnen hir Experienzen dozou austauschen an/oder hire Besoin äusseren. Den SNJ bitt seng Berodung am Fall vu Froen zu all dëse Méiglechkeete fir déi Jonk un.
SPROOCH : lëtzebuergesch

6. Pädagogik des sicheren Ortes für Jugendstrukturen – ANNULÉ ET REPORTÉ À 2021 –

Mëttwoch, den 21.10.2020 vun 10-12 Auer

Op der Basis vun der «Pädagogik des sicheren Ortes in Jugendhilfestrukturen» informéiert d’Phoenix a.s.b.l. iwwer eng Grondhaltung fir Jugendaarbechter*innen a Jugendstrukturen.
D’Fro no der Haltung vum Pedagog an der Jugendstrukur gëtt beliicht am Hibléck op hiren Impakt op d’Dynamik am Jugendhaus/der Jugendstruktur. Am Ëmgang mat «schwierege Jonken» spillen Elementer wéi «Deeskalatioun a Kierpersprooch» awer och Kompetenzen am
«Emgang mat gewaltaffine Persounen» eng grouss Roll.
Déi uschléissend Diskussioun bitt d’Méiglechkeet, eng Kéier déi eege Gruppendynamik am Jugendhaus ze betruechten a je no Besoin Berodung z’erhaalen.
SPROOCH : lëtzebuergesch