Formatioun: EU-Walen
Sensibilisatioun fir d’EU-Walen a fir d’Liewen als Jugendlechen an der EU
De Kontext vun den Europawalen 2019 ass een aneren, wéi nach dee vun 2014. D’Europäesch Unioun steet viru groussen Erausfuerderungen. De Referendum a Groussbritannien an deen domat verbonnene Bexit hu gewisen, datt d’EU een direkten Impakt op eis alldeeglecht Liewen huet, an déi europäesch Iddie net incontestabel ass. Och wann d’Majoritéit vun eis d’Demokratie fir selbstverständlech hält, sou ass dës awer och ganz zerbriechlech.
Aus dësem Grond ass et wichteg, eng grouss Zuel vu Persounen ze motivéieren de 26. Mee wielen ze goen. Besonnesch déi Jonk, deenen hir Walbedeelegung 2014 prozentual am nidderegste war (Si louch bäi ca. 25% an der EU).
An dësem Hibléck ass et wichteg, déi Jonk fir déi europäesch Iddie ze sensibiliséieren, an si fir d’Europawalen 2019 ze mobiliséieren.
Hei fannt dir all néideg Informatioune fir mat Jonker iwwert Thema EU-Walen ze schaffen.
Wat sinn déi konkret Demarchë fir wielen ze goen?
Wou wielen?
Zu Lëtzebuerg wielen
Suivéiert d’Instruktiounen um Depliant fir déi 6 Vertrieder vum Groussherzogtum Lëtzebuerg am Europaparlament ze wielen
ODER Am Hierkonftsland wielen
Fir d’Vertrieder vun Ärem Hierkonftsland ze wielen, kontaktéiert är Ambassade oder äert Konsulat.
– Den Dag vun de Walen (de 26. Mee 2019) 18 Joer hunn
– Ären Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an dee Moment, wou Dir d’Demande fir d’Aschreiwung an d’Wielerlëscht gemaach hutt, hei gewunnt hunn
– Iech bis den Februar 2019 um 17 Auer an d’Wielerlëschten aschreiwen
– Net wielen dierf een, wann een d’Wahlrecht vum Riichter ofgesprach kritt huet, an et däerf ee keen Tuteur hunn.
– Presentéiert är Carte d’Identité oder äre Pass
– Fëllt d’Dokumenter, déi d’Gemeng zur Verfügung stellt, aus (präziséiert d’Nationalitéit, de Gebuertsdatum, de Gebuertsuert, asw.)
ODER Online op Guichet.lu
– Gitt op www.guichet.lu/inseu a maacht d’Demarche mat Ärem LuxTrust-Produit.
– Fëllt d’Demande aus, ënnerschreift se a schéckt se fort.
https://jepeuxvoter.public.lu/fr/faq.html
Eng detailléiert Duerstellung vun den Demarchen an Instruktioune fannt dir op dësem Flyer an 10 Sproochen :
https://jepeuxvoter.public.lu/dam-assets/publications/jepeuxvoter-2019-flyer-web.pdf
Eng Demande kann och elektronesch iwwert myguichet.lu gemaacht ginn. Wourëms geet et bäi den Europawahlen?
Am Europaparlament ginn et de Moment 751 Deputéierter, dovunner 6 aus Lëtzebuerg, déi 512 Millioune Leit an den 28 Memberstaate representéieren. Wéinst dem Brexit ginn 2019 705 Deputéiert gewielt, déi da 27 Memberstaaten vertriede wäerten. Bei den Europawahle vum 26. Mee 2019 zu Lëtzebuerg wielt Dir direkt Är Vertrieder, déi Är Interessien an den nächste 5 Joer vertrieden.
Am Géigensatz zu de Chamberwahlen, bäi deene Lëtzebuerg a 4 Walkreesser ënnerdeelt ass, gëtt et bäi den Europawahle just en eenzege Walkrees.
D’Eenzelheete vum Wahlverfahren ënnerleien der jeeweileger nationaler Legislatioun a kënne vun de Memberstaaten nach ofgeännert ginn. Sou hu verschidde Länner eng Wahlflicht, een ënnerschiddlecht Mindestalter oder et gëtt op veschiddenen Deeg gewielt, z.B. den 23. Mee, de 24. oder de 26. Mee.
Déi lescht Europawahlen 2014 waren déi gréisste landesiwwergräifend Wahlen, déi jeemools zur selwechter Zäit ofgehale gouf. Dës Kéier steet ganz vill um Spill, ëmsou méi wichteg ass et, wielen ze goen, a mat ze entscheeden, wéi Europa an de kommende Joer ausgesi soll.
D’Europawalen hunn een direkten Impakt op äert Liewen. Bäi den Europawalen entscheet sech, wéi d’EU an deenen nächste Jore mat äre Suergen a Wënsch am Hibléck op Jugendpolitik, Aarbecht, Sécherheet, Migratioun oder Klimawandel ëmgoe soll.
http://www.europarl.europa.eu/at-your-service/de/be-heard/elections
Interessant Fakten an Zuelen iwwert d’Parlament an d’Europawahle fannt Dir op:
http://www.europarl.europa.eu/RegData/etudes/BRIE/2018/614733/EPRS_BRI(2018)614733_DE.pdf
http://www.europarl.europa.eu/elections2014-results/de/turnout.html
http://publications.europa.eu/webpub/com/eu-and-me/de/index.html
Den Droit de Vote gehéiert zu de politeschen Grondrechter an ass d’Fundament vun eiser Demokratie. D’Wahlrecht soll sécherstellen datt d’Souveränitéit vum Vollek preservéiert gëtt.
D’Wahle sinn eng Form vu politescher Participatioun vun de Bierger, an déngen dozou de Wëlle vum Vollek ze ermëttelen. D’Gemeinsamkeete vun demokratesche Wahle leien am : allgemengen Droit de Vote, an der Egalitéit vu jiddwer Stëmm, am Secret vun der Votatioun, sou wéi an der offener Competitioun vun de politesche Parteien.
D’Wiele gehéiert zu de gesamtgesellschaftlechen Aufgaben a Flichte wéi och d’Bildung, d’Inclusioun oder déi sozial Cohésioun.
Den Droit de Vote gouf de 26. Oktober 1919, also virun 100 Joer, a Lëtzebuerg agefouert. Virdru gouf et scho Wahlen, mee et war Zensuswahlrecht, d.h. et duerfte just Leit wielen, déi eng bestëmmten Zomme vun Taxe bezuelt hunn. En plus konnte just Männer wielen. 1919 gouf dat allgemengt Wahlrecht agefouert, d.h. onofhängeg vum Geschlecht, a jiddereen deen ab dem Moment 21 Joer hat, huet un de Walen dierfen deelhuelen.
https://www.youtube.com/watch?v=vt3OpfbfNxA&list=PLbeAt6DEPHNVLx3a24mOn8oYlt21VQsfH
Nofolgend fannt dir eng Lëscht mat de Parteien, déi bäi den Europawahlen 2019 zu Lëtzebuerg untriede wäerten.
Alternativ Demokratesch Reformpartei – ADR
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei – CSV
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg – KPL
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei – LSAP
Partei fir Integral Demokratie – PID
Sozialliberal Partei Lëtzebuerg
https://jepeuxvoter.public.lu/fr/candidats-et-programmes.html
Wisou een un den Europawahlen deelhuelen soll
Dat Europäescht Parlament huet an deene leschte Joer vill ënnerholl, fir verschidden Aspekter am Liewe vun de Bierger an der EU ze verbesseren. Op de folgende Säite fannt dir eng Rei Grënn, déi dozou ureegen sollen, de 26. Mee wielen ze goen, a ganz konkret Beispiller déi weisen, wat fir een Afloss d’EU op den Alldag vun hire Bierger huet.
Dës Beispiller kënnen als Ureegunge genotzt ginn, déi Jonk ze sensibiliséieren:
http://www.europarl.europa.eu/because/de/home.html
https://www.what-europe-does-for-me.eu/
https://jepeuxvoter.public.lu/dam-assets/publications/jepeuxvoter-2019-flyer-web.pdf
http://www.europarl.europa.eu/at-your-service/de/stay-informed/citizens-app
Erausfuerderungen a Sujeten déi fir Jonker relevant sinn
Jonk Mënsche waren an der Vergaangenheet vu schlechte politeschen Entscheedunge besonnesch betraff. Et sinn si, déi als éischt ënnert de Konsequenze vun der Wirtschaftskris gelidden hunn. Déi aktuell Generatioun vu jonke Mënschen an Europa ass déi éischt Generatioun, déi ënnert manner favorabele Konditioune liewe wäert, wéi hir Elteren.
Prekär Aarbechtsverhältnisser, Manktem u bezuelbarem Wunnengsraum, psychesch Gesondheetsproblemer si fir vill jonk Mënschen an Europa eng alldeeglech Realitéit. Si sinn ëmmer méi konfrontéiert mat Barrièren déi hinnen den Zougang zu hire Rechter an d’Participatioun u gesellschaftleche Prozesser erschwéieren. Ënner dëse Konditiounen ass et fir Jonker net sou einfach, sech fir Politik ze begeeschteren oder sech selwer politesch ze engagéieren. Hir Prioritéiten a Gedanke leien heefeg dach wou aneschters. Deemno huele Jonker an Europa och ëmmer manner u Walen deel. Dëst kann dozou féieren, dat hier Interesse vun der Politik manner wouer geholl ginn an hir Virstellungen a Wënsch an den Hannergrond réckelen. Et ass awer wichteg, de Jonken nozelauschteren, an op hir Froen a Besoin’en anzegoen, well soss fannen si hir Äntwerte bäi de Populisten.
Zentral Sujeten déi fir Jonker relevant sinn, an Iddie mat den Erausfuerderungen ëmzegoen, fannt dir am Dokument op folgender Säit :
https://www.youthforum.org/fr/elections-europeennes-2019-10-idees-pour-les-jeunes
https://www.youthforum.org/sites/default/files/publication-pdfs/0142-18FR_EP2019_Policy_Platform_FINAL.pdf
Methoden a Ressourcen
Methodenbox Europa
Ënnert folgendem Link fannt dir eng Methodebox mat enger Panoplie u verschiddene Methoden an Übungen, déi am Kader vun der Aarbecht mat Jonken ëmgesat kënne ginn, an déi eng europäesch Dimensioun erliewbar maachen.
Et handelt sech heibäi ëm Warming up a Kenneléieraktivitéite bis hin zu méi komplexe Simulatiounsspiller, déi iwwert puer Stonnen daueren.
https://www.jugendfuereuropa.de/fortbildungen/methodenbox/
Iwwerdeems fannt dir an der Broschüre “BAUSTEINE: Europa sind wir! Methoden für die europapolitische Jugendbildung” weider jugendgerecht Methoden déi am Hibléck op d’Vermëttlung vun europäeschen Themen a fir d’Sensibiliséierung fir den europäesche Gedanken agesat kënne ginn.
https://www.lpb-bw.de/fileadmin/lpb_hauptportal/pdf/Europasindwir.pdf
Virstellung vu Plattformen a Campagnen déi fir d’Sensibiliséierung fir europäesch Themen an d’EU-Walen a Fro kommen
Internetsäiten
http://publications.europa.eu/webpub/com/eu-and-me/de/index.html
https://elections.public.lu/fr.html
Social Media
https://www.youtube.com/channel/UC9Xk70I3Tt0Uq2UxRZxgMWA
Audio & Video & Literatur
https://www.youtube.com/watch?v=ODPRjs04CyM
https://www.youtube.com/watch?v=ycssFh0oBQ0&index=7&list=PLH_43lu1_0iV9cb0Sb_rSsqAoJGOODm29
http://www.bpb.de/shop/buecher/schriftenreihe/261883/handbook-with-methods-for-workshops
https://www.youtube.com/watch?v=vt3OpfbfNxA&list=PLbeAt6DEPHNVLx3a24mOn8oYlt21VQsfH
Spiller
https://zpb.lu/pedagogical_cpt/dag-x-jeu-des-elections/
http://ec.europa.eu/budget/explained/myths/myths_en.cfm
https://de.actionbound.com/?setlang
Wann dir eegen Inhalter hutt, déi fir d’Sensibiliséierung fir europäesch Themen an d’EU-Walen a Fro kommen, da kënnt dir dës gären ënner folgendem Link deelen:
https://yourpart.eu/p/EU_FORMATIOUN
Fir PDF-Versioun vum Reader w.e.g hei klicken
Fir d’Zesummefaassung vun de Resultater aus de Workshops hei klicken

