D’Umeldung fir déi “5. Nationale Konferenz zur non-formalen Bildung im Kinder- und Jugendbereich”, déi dëst Joer vum SNJ mat dem Schwéierpunkt “Beobachtung und Dokumentation im pädagogischen Alltag” organiséiert gëtt, ass fräigeschalt!
D’Konferenz fënnt Dënschdes den 22. November vu 8.15 – 17.00 Auer am Forum Geesseknäppchen statt.
Hei de Lien fir d’Aschreiwung: https://www.enfancejeunesse.lu/fr/archives/agenda/save-the-date-5ieme-conference-nationale-leducation-non-formelle-enfants-jeunes
… an hei de Flyer vun der Konferenz: Flyer Konferenz
A Präsenz vu bal all de Memberen huet d’EGMJ den 8. Juni 2016 hir Generalversammlung ofgehaalen an d’Joer 2015 ofgeschloss.
D’Team an de Bureau exécutif soen de villen Engagéierten a Bénévolen en décke Merci fir déi onkomplizéiert a konstruktiv Zesummenaarbecht a fir hirt Engagement an de verschiddene Gremie vun der EGMJ.
Besonnesch begréisst d’EGMJ déi nei bénévol Qualitéitsbeoptragt, d’Madame Fernande Klares, vun der “Jugendhaus Gemeng Betzder asbl”, déi och schonns mat der Virgängerin, der Madame Thérèse Michaelis, am Kader vum Qualitéitszirkel zesumme geschafft huet. No 2-jäeregem Asaaz als Qualitéitsbeoptragten huet d’Madame Thérèse Michaelis de Posten ofginn, dee si vum Här Guy Antony (dem éischte bénévole Qualitéitsbeoptragten) iwwerholl haat. D’EGMJ seet hir ee grousse Merci fir hiren Asaaz, an ass ganz frou, datt si och nach weiderhin mat hirer Kompetenz zur Verfügung steet.
Zousätzlech ass d’Memberschaft vun der EGMJ gewuess: D’EGMJ begréisst d'”Europäische Vereinigung für Eifel Ardennen ASBL” a freet sech op intressant Impulser a wäertvoll Synergien am Hibléck op d’Jugendaarbecht.
Hei sinn nach e puer Impressioune vun der Versammlung…
Le Bureau d’information du Parlement européen et la Représentation de la Commission européenne au Luxembourg vous invitent cordialement à participer à leur cycle d’échanges interculturels et linguistiques.
Ce cycle, basé sur le nouveau concept de ‘Taste & Talk‘ vous donne la parole en vous permettant de dialoguer en plusieurs langues et vous donne l’occasion de vous informer sur des sujets d’actualité européenne, le tout dans une ambiance conviviale, en dégustant des plats venus de toute l’Europe.
L’événement aura lieu le:
lundi, 27 juin 2016 de 12h30 à 14h00
Centre d’information européen – Maison de l’Union européenne
7, rue du Marché-aux-Herbes – Luxembourg
Veuillez vous inscrire au +352 43 01 37 833 ou par email: COMM-REP-LUX-INFO@ec.europa.eu
en indiquant les langues que vous aimeriez parler lors de cette rencontre.
Ubäi d’Invitatioun fir op d’Porte ouverte am Mariendall, déi den 8.,9. an 10. Juli stattfënnt, dee Weekend wou de Mariendall endlech erem offiziell fir de Public opgeet : SNJ_MARIENDAL_INVITATION
Jiddereen ass häerzlech invitéiert fir laanscht lussen ze kommen an all Aktivitéiten ze testen, bei Workshoppe matzemaachen a Concerten ze lauschteren.
Den detailléierte Programm fannt dir um Internetsite www.marienthal.snj.lu