Datumer fir de MOVE TOGETHER 2017

Endlech! Hei sin nees Datumer fir den Move Together fir desen Summer! Move Together as en inklusive Projet iwwert een Dag fir 5 Jonker mat an 5 Jonker ouni Behennerung (gär och méi!), wou zesummen verschidden Wasseraktivitéiten op der Base nautique zu Lëlz gemeeschtert gin. Dest ass moies vun 9.30-12.30 Kanu (12 Pers an engem Boot) an mettes vun 13.30-16.30 Sit on Top (oppenen Kayak zu 2+2). Move Together Datumer 2017 Freides den 11. August Denstes den 29. August Donneschtes den 7. September Samstes den 14. Oktober Weider Datumer si gären op Ufro méiglech a méi Informatioun an d’Umeldung sinn hei ze fannen: MoTo Flyer_2017 MoTo Umeldung 2017