D’Team vun der EGMJ braucht administrativ Verstäerkung!
Fannt hei d’Stellenausschreiwung, déi och am “Jobfinder” verëffentlecht ass: Administrative Mataarbechter (m/w) mat minimum BAC CDI vun 20 Stonnen d’Woch (Carrière PA3 – CCT-SAS) D’Entente vun de Gestionnairë vun de Jugendhaiser a Lëtzebuerg ass als Daachverband zoustänneg fir d’Ënnerstëtzung vun den ASBL’en, déi Gestionnaire vu Jugendhaiser a Jugendservicer sinn. Fir d’Mataarbecht an eisem Siège siche mir en zouverlässegen, experimentéierten an flexibele Mataarbechter (m/w) fir folgend Aufgaben: Sekretariat: – Etablissement vu schrëftlechen Dokumenter vun all Zort (Rapporten, Compte rendu’en, Bréiwer, Informatiounstexter) – Elaboratioun vu Projetsdemanden an –évaluatiounen op nationalem an internationalem Niveau – Organisatioun vu Réuniounen an Informatiounssammlung op Demande vun eise Memberen – Organisatoresch Aarbechten (Reservatiounen, Commanden,…) – Maintenance vun der Internet- / Facebookpräsenz – Erstellung vu PR Material (Flyer, Affichen) – Kontaktpersoun fir d’Memberen bei allgemenge Froestellungen Service Salaires & Service Comptabilité: – Assistenz a Remplacement am Fall vu Bedarf Folgende Profil gëtt gebraucht: – Excellent redaktionell a mëndlech Kenntnisser op 3 Landessproochen (lux, fr, dt) – Ganz gutt Computerkenntnisser : Office a Photoshop – Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten – Führerschäin Klass B – Kenntnisser am Beräich vun de Salairen a vun der Comptabilitéit sinn en Atout D’Kandidatur mat der Referenz, Liewenslaf a Foto si bis de 24. Januar 2017 ze schécken un: EGMJ a.s.b.l. M. Roger FABER (President) 87, route de Thionville L-2611 Luxembourg E-Mails-Adress: info@egmj.lu Fannt hei d’Ausschreiwung als PDF: Anzeige
Füge diese URL in deine WordPress-Website ein, um sie einzubetten
Füge diesen Code in deine Website ein, um ihn einzubinden